Foire Agricole
9th July 2025
DT Etzella Ettelbrück
Den Dëschtennisveräin huet och dëst Joer erëm mat vill Freed un der alljärlecher Foire Agricole deelgeholl a wärend dräi Deeg fläisseg Wafele gebak.
Och wann d’Wieder net all Dag matgespillt huet, huet dat d’Stëmmung net gebrach. D’Laun war bei alle Bedeelegten héich an de Verkaf ass trotz allem
gutt gelaf. Den Ëmsaz kann sech also och dëst Joer gesi loossen.
D’ganz Equipe freet sech elo schonn op de nächste Rendez-vous fir mat vollem Elan a gudder Laun derbäi ze sinn.
